Haus Nummer 1

Home

An der Woch vum 14.7 bis 21.7 war eng weider Italienrees ugesoot. Zesumme mam Patrick war ech ennerwee bei meng Wënzer fir flott Momenter zesummen ze erliewen an hier nei Produiten kennenzeléieren. An do hun ech direkt e puer Nouvellen. - Kandlerhof - Südtirol Ech haat d‘Chance

Ee gutt gefëllte Sall op der Dégustatioun zu Ierpeldéng. De Firsi, ee Rosé vum Kandlerhof konnt ech als neie Wäin présentéieren an huet gudden Uklang fonnt. Well ech nemmen eng begrenzten Zuel Fläsche krut, geet et hei schon op de Rescht duer. Dee neie Firsi

Flott Soirée e Freideg Owend! Ee raichgedeckten Dech, vill Geschnesst, agreabel Gesellschaft, gutt Iessen a gudde Wäin. 😉 Emmer nees gären!Ee grousse Merci dem Claudine an dem Mich souwéi hiere Gäscht!! Wellt och dir eng Wäindegustatioun mat äre Frënn a Kollegen bei iech doheem machen, soot mir

Dëse Weekend haate mer eng grouss Dégustation beim Dit a René am Atelier zu Braneburg. Iwwer 30 Leit!! Wow, zu souvill ware mer nach nie. Wéi emmer hu mer eng Auswiel vun de Wäiner vun onsen 3 Wënzer présentéiert a geschmacht. Vill nei Leit hu

Déi éischt Tupper-Wine fir dëst Joer. Zu Besuch am Eisléck hu mer ee flotten an interessanten Owend an agreabeler Atmosphäre verbruecht. Neies vun de Wënzer sinn den Olio di oliva extra vergine vu Poggio Molina aus der Toskana a fir d'éischt dobäi, de Rudhir Chardonnay

Grad zur Zäit fir déi éischt Degustatioun vum Joer 2019 ass eng Palette mat Wäin an Olivenueleg aus der Toskana ukomm. Den Ueleg, Olio di oliva extra vergine ass am November/Dezember 2018 produzéiert ginn. Den Ueleg huet eng giel Faarf, schmaacht batter a schaarf. Ee Genoss

Ech liese gäre Krimien a sinn iwwert dee Wee op en Thema opmierksam ginn dat mech bis haut ëmmer nees, méi oder manner, beschäftegt. Ech schwätze vum Olivenueleg. Net deem Ueleg, deen der fir e puer Euro an all Supermarché kafe kënnt an deen zu onrecht ee Numm dréit dat et net verdéngt,